Den Atelier huet zwee nei Concerten annoncéiert déi d'Fans vun der Rockmusek dierfte freeën.

Nodeems och bei de Concertshaiser sou lues rëm alles méi normal leeft huet denAtelier lo zwee nei Concerten annoncéiert, déi allen zwee an der Rockhal wäerte stattfannen.

Déi amerikanesch Punk-Rock Band Rise Against wäert de 7. November 2022 hei zu Lëtzebuerg optrieden. Duerch Lidder wéi "Hero of War" oder "Savior" hunn si et bis op déi ganz grouss Bünen op der ganzer Welt gepackt. Hei kann een dann och lo scho beim Atelier seng Tickets kafen.

Ee weidere Concert gouf da mat der amerikanescher Band Hollywood Vampires ugekënnegt, déi den 21. Juni 2023 wäert hei am Land spillen. Hei stinn dann e puer ganz grouss Museker op der Bün, ënnert anerem den Joe Perry, Alice Cooper an den Johnny Depp. hei ginn d'Tickets de 27. Juni 2022 moies ëm 11 Auer an de Verkaf.