
© Eldoradio
Den 22. an 23. Juni wäerten am Kader vu Nationalfeierdag eng Rei Concerten um Glacis stattfannen.
D'lescht Woch hat d'Staat Lëtzebuerg jo matgedeelt, dass si de Virowend a Nationalfeierdag selwer géifen eng ganz Rei grouss Concerte gratis um Glacis géifen organiséieren. Hei stinn ënnert anerem Alle Farben, d'EmeliSandé an de Rag'n'Bone Man op der Bün.
Fir iech dëst nach eng Kéier zesummenzefaasse gëtt et lo hei de geneeë Programm vun deenen zwee Deeg:
Mëttwochs den 22.06.2022:
17.00h: Doors
20.30h - 21.30h: Maximillion b2b Riven
22.00h - 23.30h: Alle Farben
23.45h - 01.00h: Ogazon
Donneschdeg den 23.06.2022:
17.00h: Doors
18.45h: Claire Parsons "In Geometry Septett"
20.00h - 21.15h: Emeli Sandé
22.00h - 23.30h: Rag'n'Bone Man