Fir zwou ganz grouss Shows, déi geschwënn zu Lëtzebuerg stattfannen, goufen e Freideg direkt zwee Lëtzebuerger Support-Acts annoncéiert.

Déi brittesch Band Snow Patrol kënnt jo de 6. Juli an d’Abtei Neimënster fir hire Concert op dee scho ganz laang gewaart gëtt. Dee gouf jo schonn zimmlech dacks verréckelt. Mee elo gouf hei déi Lëtzebuerger Band Seed To Tree als Support Act erausgesicht. D’Band selwer ass och iwwer de Summer virun allem an Däitschland op Tour.

Dann trëtt den 10. Juli jo déi amerikanesch Band The Killers um Open Air Belval op. An hei gouf dann de Sänger vu Seed To Tree, dee säin eegene Solo-Projet huet, erausgesicht – also de Bartleby Delicate als Support-Act annoncéiert.