BTS hu schockéiert wéi si eng Paus annoncéiert haten. Mee Musek vun hinne gëtt et trotzdeem well de Charlie Puth eng Kollaboratioun annoncéiert huet.

Zesumme mam Jungkook vu BTS ass den neie Song "Left and Right" erauskomm. D’lescht Woch hat de Charlie Puth versprach dass hien d’Lidd release géif wann et 500.000 Pre-Saves sammele géif. An dat ass natierlech geschitt. De Museksvideo vum Song ass och schonn erauskomm. Et ass dat 3. Lidd dat de Charlie Puth dëst Joer erausbruecht huet.