D’Adele huet de Line-Up vu senge Shows am Hyde Park zu London ugekënnegt.

Nëmme Frae stinn um Line-Up wéi zum Beispill déi amerikanesch Sängerin Kacey Musgraves. Den 1. an den 2. Juli fënnt de BST Hyde Park Festival an der brittescher Haaptstad statt. Op Twitter huet d’Adele geschriwwen dass de Line-Up d’Leit vum Stull geheie wäert. Eng Mëschung vun neien an etabléiert Artisten gëtt do ugebueden. Déi brittesch Sängerin Gabrielle hat d’Adele scho gär wéi hatt 4 Joer jonk war.