D’Cardi B mellt sech endlech zeréck mat engem neie Song dee geschwënn erauskënnt.

Dee nennt sech "Hot Shit" a kënnt dëse Freiden, also den 1. Juli eraus. D’Rapperin huet déi nei Musek op sengem Twitter Account confirméiert an huet esouguer e klengen Teaser vun e puer Sekonne gepost. Donieft huet d’Cardi B eng weider Iwwerraschung versprach déi an deenen nächste Stonne wäert kommen. De leschten Album vun der Rapperin ass 2018 erauskomm a säi lescht Lidd als Solo-Kënschtlerin 2021.