De Weekend war de legendäre Glastonbury Festival an England. An do goufen et ganz vill intressant Optrëtter.

Zum Beispill huet d’Olivia Rodrigo d’Lily Allen op d’Bün geruff fir der brittescher Sängerin säi bekannte Song "Fuck You" ze sangen. An dat war och e spezielle Message un dat iewescht Geriicht an den USA dat sech géint d’Recht op Ofdreiwung landeswäit entscheet huet. De Sujet gouf méi wéi eng Kéier um Festival erwäänt, zum Beispill och vum Billie Eilish, Megan Thee Stallion a Kendrick Lamar.

Donieft ass de legendäre Paul McCartney opgetrueden an hien huet de Foo Fighters Sänger Dave Grohl op d’Bün geruff. Dat war säin éischten ëffentlechen Optrëtt zënter dem Dout vum Drummer Taylor Hawkins.