Den däitsche Museker wäert den 12. August säin neien Album releasen.

Nodeems den däitsche Pop-Rapper CRO virun e puer Woche réischt seng nei Kleeder Kollektioun zesumme mat "About You" rausbruecht hat, huet hien elo déi nächst Iwwerraschung fir seng Fans released.

Den 12. August 2022 soll dem CRO säin neien Album "11:11" rauskommen. An engem Instagram-Video huet de Museker gesot dass den neien Album him immens vill géif bedeiten an dass et säi Liblingsalbum wier. Et wier ee ganz summerlechen Album, deen immens vibey wier. Dës weidere géif ganz vill Léift mat dra stiechen.

Um Album wäerten dann och Lidder mat drop sinn déi ee well als Single kennt wéi zum Beispill "Ja" "Cobot" oder "High".