Wärend hirer Paus mat BTS bréngt de Museker j-hope lo säin éischte Solo Album raus.

Virun e puer Wochen haten d'Museker vun der koreanescher Boy-Band BTS ugekënnegt, dass si als Band lo mol géifen eng Paus maache fir sech eenzel op aner Projeten ze konzentréieren.

An genee esou ee Projet huet de j-hope dann och lo ugekënnegt. Hien wäert de 15. Juli säin éischte Solo-Album ënnert dem Numm "Jack in the Box" erausbréngen. No sengem Erfolleg mat der Band BTS hofft de Museker, dass hien och mat senger Solo-Karriär lo kann duerchstarten. Hie seet selwer dass hien hei eng ganz nei Rees géif starten déi nach vill géif mat sech bréngen.

Wéi et bei deenen anere Membere vu BTS mat Solo-Projeten ausgesäit ass bis elo awer nach net gewosst.