De Lëtzebuerger Museker EDSUN huet eng Tour annoncéiert.

Se nennt sech Focus Tour. De Sänger wäert den 9. Juli op der "Luxembourg Pride" zu Esch optrieden an de 14. August bei den "Hidden Sessions" zu Esch. Net nëmmen zu Lëtzebuerg wäert den EDSUN ënnerwee si mee och an Däitschland an an der tschechescher Republik. Hie trëtt deemno ënner anerem den 3. Juli op der "Kölner Pride" op.

Op Instagram huet den EDSUN gesot dass hie sech immens op dës Tour freeë géif.