Fir de Museksvideo vu senger neier Single "Cannibal" huet de Museker mam Steven Spielberg zesummegeschafft.

De 14. Juli huet de Frontsänger Marcus Mumford vun der brittescher Band Mumford & Sons seng éischt Solo-Single "Cannibal" erausbruecht. Virun de puer Wochen hat de Sänger och réischt ugekënnegt, dass hien  niewend der Band dann och nach ee Solo-Projet géif starten.

Nodeems seng éischt Single dann elo och rauskomm ass, huet de Sänger och ee Museksvideo gefilmt. An hei huet hien sech nawell zimmlech prominent Ënnerstëtzung gesicht. Keen anere wéi de legendäre Regiesseur Steven Spielberg huet hei d'Regie gehat an esouguer selwer gefilmt. Wien awer lo mengt hien hätt hei mat professionelle Kamerae geschafft, dee läit falsch. De Steven Spielberg huet dat ganz vun engem Stull aus mam Handy gefilmt.