Dës Performance wäert een dann och kenne live um Fernsee mat erliewen.

D'UEFA Fraen Europameeschterschaft ass am Moment voll am Gaang an dës Woch wäert dann och ëm d'Halleffinall gespillt ginn. Déi lescht 8 Ekippen hunn also nach d'Méiglechkeet sech den 31. Juli zu London am legendäre Wembley Stadion kennen iwwert den Titel vum Europameeschter ze freeën.

Esou eng Finall ass niewend dem sportlechen Aspekt awer och ëmmer eng zimmlech grouss Party an hei dierf dann och Musek net feelen. Fir dëst Joer ass et dann d'Becky Hill wat déi grouss Éier huet bei der Final fir déi musikalesch Animatioun ze suergen.

D'Becky Hill huet net nëmme vill Präisser gewonne mee och scho vill Hits releaesed. Säi leschte groussen Hit hat d'Sängerin da mat der Single "My Hearty Goes (La Di Da).