No 2 Sold-Out Shows hei zu Lëtzebuerg géifen d'Fans sech och rëm iwwert ee Concert freeën.

Fir all d'Fans vu bësse méi haarden Téin wäert dës Noriicht dann och fir Freed gesuergt hunn. 1999 huet déi amerikanesch Nu-Metal Band Slipknot hiren éischten Album "Slipknot" erausbruecht a konnt sech duerch hire ganz eegene Stil ganz séier op déi ganz grouss Büne spillen.

Am Joer 2019 huet d'Band hire leschten Album "We Are Not Your Kind" released. Och hei zu Lëtzebuerg stoungen si schonn 2 mol an der Rockhal virun ausverkaaftem Haus op der Bün.

Den 20. Juli ass lo hir nei Single "The Dying Song" erauskomm souwéi och den Datum fir den neien Album. De Lonplayer "The End For Now" soll den 30. September op de Marché kommen. Eventuell spillen si jo an dem Kader jo och mol rëm eng Kéier zu bei eis am Land.