De lëtzebuergesche Museker huet am Virfeld vu sengem neien Album elo déi éischt Single released.

De lëtzebuergesche Sänger a Museker Serge Tonnar ass der Meenung, dass sech d'Leit wärend der Pandemie éischter ausenee gelieft hu wéi dass se zesumme komm sinn. A senger ganz neier Single "All d'Mënsche ginn nees Bridder" séngt hien dovunner dass een sech heiansdo och mol soll entschëllegen, sech verzeien an sech rëm gär hunn.

Dës Single ass dann och déi éischt Auskopplung vum Museker sengem neien Album "Jo an Amen", deen den 22. Oktober 2022 wäert erauskommen. Fir dësen Datum huet de Serge Tonnar dann och schonn eng Release-Party an der Kulturfabrik geplangt.