The Chainsmokers hu fir 2024 eppes ganz Spezielles geplangt.

An deene leschte Joren ass et jo schonn déi eng oder aner Kéier virkomm, dass Museker sech eppes Spezielles afale gelooss hunn oder eppes gemaach hunn wat virdrun nach ni ee gemaach huet.

Den amerikaneschen DJ-Duo The Chainsmokers hunn awer lo eppes geplangt, wat fir laang Zäit mol technesch net méiglech war. An zwar hunn déi zwee Museker geplangt een DJ-Set an enger Kapsel ze spillen, déi ronn 33km iwwert der Äerd wäert fléien.

Domadder wier et deen alleréischte Concert, deen an der Stratosphär géif stattfannen. Dat Ganzt soll dann och "just" 50.000 Dollar pro Persoun kaschten. Mat dësem Projet, well d'Firma "World View" dofir Reklamm maachen, dass si an Zukunft fir jidderee Flich vu 6-12 Stonne wäerten ubidden.

Dat ganzt wäert een sech da warscheinlech och live am Internet kennen ukucken. Soubal et do nei Informatioune ginn, gitt der dat natierlech och hei gewuer.