
© neimënster
Neimënster invitéiert Artisten a Public wärend de "Garden Delights" op eng ganz Partie intim Concerten!
Normalerweis steet de Klouschter-Gaart vun neimënster éischter fir Rou a Geloossenheet. Dëse Summer wäert een d'Location awer vun enger ganz anerer Säit kenneléieren, nämlech gefëllt mat Kläng, Musek an Danz. Neimënster presentéiert nämlech déi éischt Editioun vun der Concerts-Serie "Garden Delights".
Vum 21. bis den 28. Juli kann een 3 opstriewend oder etabléiert Kënschtler*innen erliewen. Dat geet vu Singer/Songwriter-Pop mam Bartleby Delicate, iwwert e Mix aus traditionellem Flamenco mat Jazz an Elektro mam Rosario La Tremendita, bis hin zu duussen, melancholeschen a sensiblen Téin mat Sohnarr.
Iwwerbléck:
21. Juli 2022 - Bartleby Delicate
27. Juli 2022 - Rosario La Tremendita
28. Juli 2022 - Sohnarr
Hei kënnt dir iech är Ticketen fir d'"Garden Delights" sécheren!