Den 29. Juli kënnt dem Beyoncé säin neien Album "RENAISSANCE" eraus. Elo huet d'Kënschtlerin déi komplett Tracklist bekannt ginn!

Nieft der scho bekannter Single-Auskopplung "Break My Soul" (Track 6) wäerte 15 nei Songs um nächste Beyoncé-Album mat drop sinn. Dorënner d'Lidder "I'm That Girl", "Alien Superstar", "Thique" oder "America Has A Problem". E Feature ass wéi et ausgesäit net geplangt.

RTL

Tracklist "RENAISSANCE" / © Screenshot Insta-Story Beyoncé

Op Instagram hat déi 28-fach Grammy-Gewënnerin viru Kuerzem e Statement iwwert den Ensteeungs-Prozess vu "RENAISSANCE" verëffentlecht:
"Creating this album allowed me a place to dream and to find escape during a scary time for the world. It allowed me to feel free and adventurous in a time when little else was moving. My intention was to create a safe place, a place without judgment. (...) And to feel as unique, strong, and sexy as you are."

"RENAISSANCE (act i)" ass no "Beyoncé" a "Lemonade" dee 7. Studio-Album vum Beyoncé. Donieft huet d'Sängerin ënnert anerem och scho 5 Live-Alben an de Soundtrack-Album "The Lion King: The Gift" (Juli 2019) erausbruecht.