De Rapper Macklemore ass zeréck mat engem neie Lidd.

Dat ass déi éischt Single vum Macklemore vum Joer 2022. D’Lidd heescht "Chant" an d’Sängerin Tones and I ass mat dobäi. Ier d’Lidd erauskomm war, hat de Rapper de Song op TikTok an Instagram geteased. De Macklemore war dann och de Co-Regisseur vum Museksvideo.

Deemnächst wäert hien och an Nordamerika mat Imagine Dragons op Tour sinn.