D’Billie Eilish huet zwee nei Songs erausbruecht.

An zwar net egal wéi eng, mee tatsächlech akustesch Songs. Dës heeschen "TV" an "The 30th". Déi zwee Lidder ginn dann als "Guitar Songs" beschriwwen. "TV" war scho bekannt bei de Fans well d’Billie Eilish d’Lidd schonn op Tour a Groussbritannien gespillt hat. Den Audio gouf och op sengem Concert zu Manchester opgeholl. An engem Statement sot d’Sängerin dass hatt bei dëser Versioun eng Héngerhaut kritt well d’Fans all zesumme sangen.

Mee dat zweet Lidd "The 30th" war nach ni virdru gespillt ginn. Hei geet et ëm e Bekannte vum Billie, deen an engem schroen Accident verwéckelt war. D’Sängerin huet zwee Videoe mat Songtext op YouTube gesat. Wéi ëmmer huet hatt dës Lidder mat sengem Brudder dem FINNEAS geschriwwen.