Dem Lewis Capaldi säin zweeten Album ass nach ëmmer net fäerdeg. De Grond ass ganz einfach: Hien ass onwarscheinlech liddereg!

Dat huet de Lewis Capaldi e Freiden wärend sengem Optrëtt um Latitude Festival am Henham Park zu Suffolk (UK) zouginn. D'lescht Joer hat de Sänger quasi alleguer seng Live-Concerten ofgesot, well hie sech komplett drop fokusséiere wollt säin neien Album ze produzéieren. An och dëst Joer huet hie just ganz ausgewielt Optrëtter ugeholl. E Freiden sot de Lewis dunn awer zu sengem Public, dass hien hinne jo ganz gär nei Musek presentéiere géif, hien awer guer keng hätt! Dat well hien einfach richteg liddereg gewiescht wier.

Hei e weidert memorabelt Zitat vum Museker: "It never occured to me during lockdown to take my hands off my d*** and put it on my guitar." Mat sengem Charme a mat der Performance vu senge Welt-Hits ewéi "Someone You Loved" huet de Lewis Capaldi d'Stëmmung an d'Crowd awer erëm séier op seng Säit geholl. Op deen neien Album musse mir da wuel awer nach e puer Méint waarden!