De Stuttgarter Radiosender "107.7" huet eng Rammstein-Versioun vum Ballermann-Hit "Layla" op TikTok erausbruecht!

De Sender ass bekannt fir seng däitsch Rock-Versiounen vun diverse Klassiker. Zum Beispill fënnt een op TikTok "In der Weihnachtsbäckerei" oder "Ich geh' mit meiner Laterne" an enger rockeger 18+-Versioun. Elo huet dann och den aktuelle Skandal-Hit "Layla" missen dru gleewen. De Morning-Show-Moderator Nikolaus Böhm huet erkläert, dass de Song ouni Zweifel en Ouerewuerm wier, och wann hie Schlager am Fong net leide kéint. A well een e Sender fir déi ganz Famill wier, hätt een d'Versioun einfach selwer entschäerft. Esou ass aus der "Puffmama" Layla de "Busfahrer" mam Numm Rainer ginn.

À propos "Layla": Markéiert iech dëse Freiden (29. Juli) um 15:00 Auer fett am Kalenner! Well dir iech en esouvill wënscht a well et effektiv einfach e richtegen Ouerewuerm ass, wäerte mir "Layla" e Freideg ëm déi Auerzäit eng eenzeg Kéier spillen! Stellt iech de Béier kal, frot de Chef fir éischter fräi ze kréien, schéckt d'Kanner an d'Bett an eskaléiert zesumme mat eis a mam DJ Robin & Schürze!