Am Joer 2000 huet d'Legend Joni Mitchell hire leschte Concert gespillt. Zanterhier hat si mat staarke gesondheetleche Problemer ze kämpfen!

E Sonnden ass d'Musekerin dunn iwwerraschend um Newport Folk Festival opgetrueden. Si gouf op der Bün vu Kënschtler*innen ewéi Brandi Carlile, Marcus Mumford a Wynonna ënnerstëtzt. Am Ufank huet d'Joni Mitchell sech et op hirem "Troun" an der Mëtt vun der Bün gemittlech gemaach, huet Geschichten erzielt a bei hire Lidder matgesongen. Dobäi wollt déi mëttlerweil 78-Järeg et awer net beloossen, ass zum Schluss vun der Show opgestanen an huet wärend "Just Like This Train" e Gittar-Solo gefetzt.

Am Laf vun hirer Karriär huet d'Joni Mitchell am Ganzen 19 Studio-Alben erausbruecht. Dobäi kommen ënnert anerem 9 Grammys, 2022 gouf d'Singer/Songwriterin fir hir "creative contributions of outstanding artistic significance to the field of recording" mam Grammy Lifetime Achievement Award ausgezeechent.