Nodeems d'Musekerin seng Shows zu Las Vegas ofgesot hat, sinn awer lo nei Datume geplangt ginn.

Am Januar 2022 huet d'Adele seng 24 geplangte Concerten zu Las Vegas leider missen ofsoen. D'Musekerin hat deemools gesot, dass hat sech einfach nach net ready gefillt hätt eng eege Residenz zu Las Vegas ze spillen. Laang war dann awer net kloer wéini genee dës "Weekends with Adele" sollten nogeholl ginn.

Op Instagram huet d'Adele dann awer lo voller Freed senge Fans matgedeelt dass dës 24 Concerten sou wéi och 8 nei Datume wäerte vum 18. November bis de 25. Mäerz 2023 nogeholl wäerte ginn.

Fir d'Tickets ze kréie wäert et awer warscheinlech weiderhin zimmlech schwéier bleiwe vue dass een sech huet missen op eng Waardelëscht androe fir dann den 11. August iwwerhaapt d'Chance ze hunn der kennen ze kafen. Den 10. August kennen awer schonn déi Leit hir Tickets kafen, déi der schonn déi éischte Kéier kaaft haten.