No hirem leschtem Album "Unlimited Love" dëst Joer steet lo schonn de nächsten an de Startlächer.

Den 1. Abrëll 2022 ass den aktuellen Album "Unlimited Love" vun der amerikanescher Rock-Band Red Hot Chili Peppers erauskomm mat dem si och aktuell op grousser Welttournée sinn. Dëst war dann och den éischten Album bei dem hire fréiere Gittarist John Frusciante rëm mat dobäi war.

Am Moment schéngen d'Museker awer richteg motivéiert ze sinn an dofir kennt och schonn de 14. Oktober dëst Joer hiren nächsten Album "Return Of The Dream Canteen" eraus. Laut dem Sänger soll dëst ee vun der Band hire Liblingsalbe ginn.

An engem Interview huet d'Band och erkläert dass si am Moment wéi an engem Dram géife liewen an et einfach Spaass géif maachen nei Musek ze schreiwen an ze produzéieren. Deen neien Album kann een dann och lo scho virbestelle fir dass een en direkt ka lauschtere wann en dann dobaussen ass.