Dem Sir Elton John säin Hit "Tiny Dancer" kennt lo an enger neier Versioun eraus.

Nodeems sech d'Britney Spears jo säit e puer Méint net méi ënnert der Tutelle vu sengem Papp steet, huet déi 40 Joer al Sängerin elo dann och ugekënnegt dass ganz nei Musek soll erauskommen.

Fir déi nei Single huet d'Britney Spears sech awer Hëllef vum Sir Elton John geholl hunn. Anscheinend sollen déi zwee Museker sech zu Los Angeles getraff hunn fir dem Elton John säin Hit "Tiny Dancer" aus dem Joer 1971 nei opzehuelen.

Den Elton John hat jo scho mam Dua Lipa seng Single "Cold Heart" erausbruecht a lo soll dann déi zweet nei Versioun vun engem vu senge Lidder erauskommen. Dat ganzt soll dann och schonn nächste Mount op de Marché kommen. Mir sinn op jiddefalls gespaant.