Eigentlech sollt den ESC an der Ukrain stattfannen, wat wéinst dem Krich elo awer net geet.

Am Joer 2022 huet déi ukrainesch Band "Kalush Orchestra" den Eurovision Song Contest fir sech konnten entscheeden. Vue dass d'Ukrain am Moment awer nach ëmmer am Krich mat Russland ass an doduerch den ESC net kann organiséieren, huet missen eng nei Platz gesicht ginn.

Vue dass de Sam Ryder mat senger Single "Space Man" op déi zweet Platz komm war, hunn sech d'Organisateure vir Groussbritannien entscheet. A wéi enger Staat an a wéi enger Hal dat ganz dann am Joer 2023 wäert stattfannen ass awer nach net gewosst mee de Radiosender BBC ass scho fläisseg amgaang no der perfekter Platz ze sichen. 1960 war dann och déi éischte Kéier een ESC a Groussbritannien. Duerno war en nach 7 mol an 1998 déi leschte Kéier bei de Britten.