Dësen Dënschden - e weidere Live-Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Lost Frequencies

De belschen DJ a Produzent Lost Frequencies dierft alle Fans vun elektronescher Musek ee Begrëff sinn. Säit deene leschte Joren steet de Felix Safran De Laet alias Lost Frequencies op deene gréisste Büne vun der Welt a gehéiert zu deene bekanntsten DJ'en am Moment.

Duerch Lidder wéi "Are You With Me" am Joer 2014 oder "Like I Love You" aus dem Joer 2018 ass hie weltbekannt ginn.

Säi leschte groussen Hit hat de Museker mam Lidd " Where Are You Now" mat dem hien och international iwwerall ganz uewen an den Charts stoung.

Am Moment ass hien dann och op grousser Summer-Festival-Tour a spillt ënnert anerem déi dräi Weekender um legendären Tomorrowland Festival op der Mainstage.

Den Eldo Live mam Lost Frequencies gëtt et dësen Dënschdeg a Sonndeg vun 19:00 Auer un um Eldo oder am Livestream op eldo.lu an an der gratis Eldo-App!