Enn August gëtt dësen Award rëm verdeelt. Elo stinn awer well d'Favoritte fest.

Och wann de Fernsee Sender MTV hautzedaags net méi sou grouss ass wéi an de 90er Joren, sou sinn d'MTV Video Music Awards awer nach ëmmer ee Präis deen all Museker eng Kéier well gewannen.

Dëst Joer wäerten d'MTV VMA's dann den 28. August am Prudential Center zu Newark a New Jersey stattfannen. Hei wäerten d'Stars sech dann och all weisen.

Am Viraus goufen dann och lo déi nominéiert Museker ugekënnegt. Als Favoritte ginn hei awer dräi Museker an d'Cours, déi direkt 7 mol nominéiert gi sinn. Dozou gehéiert de Lil Nas X, den Jack Harlow an de Kendrick Lamar.

Säit haut kann een dann och op der Internetsäit vun den MTV VMA's fir säi perséinleche Favorit voten.