Streaming gëtt hautzedaags ëmmer méi wichteg. Hei huet de brittesche Sänger mol rëm ee Rekord gebrach.

De brittesche Sänger Ed Sheeran ass am Moment jo op grousser Welttournée
mat sengem aktuellen Album. Mee net nëmme live brécht hien andauernd Rekorder mee och mat senger Musek. Hien ass elo säit neistem deen éischte Kënschtler op der Welt, deen et gepackt huet 100 Millioune Follower op Spotify ze erreechen.

Niewend dem Ed Sheeran ginn et awer nach aner Kënschtler déi dru schaffen dëse Rekord eng Kéier ze briechen. Hei ass zum Beispill d'Ariana Grande mat bal 82 Millioune Follower oder den Drake mat 65 Millioune Follower.

Niewebäi war den Ed Sheeran iwweregens och deen éischte Kënschtler deen am Mäerz 2020 50 Millioune Follower erreecht hat.

Mir sinn op jiddefalls gespaant wéi ee Rekord de brittesche Sänger an Zukunft nach brieche wäert.