Fir déi nei Versioun huet de belsche Sänger sech mam Camila Cabello zesummegedoen.

De belsche Sänger Stromae huet säin aktuellen Album "Multitude" dëst Joer am Mäerz erausbruecht. Bei denen 12 Lidder um Album war dann och d'Single "Mon Amour" mat drop. An der Single séngt de Sänger vun engem Mann, deen all Kéiers wann en an enger Bezéiung ass et ëmmer rëm vermasselt.

Fir déi nei Versioun huet de Stromae sech mat der "Havana" Sängerin Camila Cabello zesummegedoen. Fir d'Camila Cabello war et schonn ëmmer een Dram eng Kéier kenne mam Stromae zesummenzeschaffen.

Och ee Museksvideo ass mat rauskomm. An dësem hunn sech déi zwee u Fernseesendunge wéi "Love Island" inspiréiert a maache bëssen de Geck mat dësen.