Elo huet den DJ a Produzent dann och d'Titellëscht mat alle Gäscht released.

Den DJ a Produzent Calvin Harris huet  jo annoncéiert gehat dass hien den 5. August een neien Album wäert erausbréngen. Elo huet den 38 Joer alen DJ dann och d'Titellëscht vum Album released, déi dann aus 14 Lidder besteet.

Eng impressionnant Lëscht vu Gäscht-Museker gouf och annoncéiert. Den Album nennt sech "Funk Wav Bounces Volume 2". Nieft dem Dua Lipa an dem Young Thug, wäerten Artiste wéi de Justin Timberlake, d’Halsey, de Pharrell an de Snoop Dogg ze fanne sinn. D’Lëscht ass natierlech nach méi laang. Den 1. Volume vu "Funk Wav Bounces" ass 2017 erauskomm.