No sengem leschten Album huet d'Musekerin lo mol eng musikalesch Paus ageluecht.

Am Joer 2020 huet d'Sängerin Ariana Grande säi leschten Album mam Numm "Positions" erausbruecht a stoung international domat zimmlech iwwerall ganz uewen an den Charts. Wéi dunn d'Pandemie ugefaangen huet huet sech d'Musekerin éischter op säi privat Liewe konzentréiert an huet sech esouguer bestuet.

U neier Musek huet d'Ariana Grande awer net an dëser Zäit geschafft an huet och gesot dass a noer Zukunft keng nei Musek géif erauskommen. Dat och well d'Musekerin am Moment fir de Musical-Film "Wicked" beim Mikro steet an doduerch keng Zäit fir nei Musek huet.

Wéini d'Ariana Grande rëm ufänkt selwer Musek ze schreiwen ass awer nach net gewosst.