6 Joer no dem leschten Album soll et lo mam J.Lo senger Musek weider goen.

Kuerz no senger Hochzäit mam Ben Affleck huet déi 53 Joer al Sängerin Jennifer Lopez ugekënnegt, dass ganz geschwënn rëm wäert nei Musek erauskommen. Säit 2014 huet d'J. Lo keen Album méi erausbruecht mee domat soll awer lo Schluss sinn. An engem Interview mam People-Magazin huet d'Musekerin verroden dass hat sech sou kreativ géif fille wéi well säit ville Joren net méi.

Wéini awer lo genee nei Musek oder esouguer een neien Album erauskomme wäert huet d'Sängerin dann awer nach net verroden.