No laanger Diskussioun soll lo een Accord fir d'Boyband fonnt gi sinn.

De Militär-Déngscht ass bei eis am Land jo schonn eng Rei Joren ofgeschaaft. A Südkorea gesäit déi Saach awer nach bëssen anescht aus, och wann ee berüümt ass an op der ganzer Welt well Concerte spillen.

Nodeems d'lescht Joer gesot gi war dass d'Boyband BTS net weider kéint op Tour goen a prouwe wéinst hirem Militär-Déngscht, ass fir vill Fans eng Welt zesummegebrach.

De Verdeedegungsminister vu Südkorea huet awer lo an engem Statement gesot, dass d'Jonge vu BTS roueg de Militär-Déngscht kéinten untrieden a si kriten dann ebe souvill fräi fir ze prouwen a Concerten ze spillen.

Hien sot och dass vill Leit Kënschtler déi beim Militär wiere géife bewonneren, an esou kéint een de Militär-Déngscht nach méi attraktiv fir jonk Männer sinn.