Scho ganz geschwënn soll d'Dokumentatioun iwwert d'Sängerin op de Marché kommen.

Am November 2020 huet déi amerikanesch Rapperin Nicki Minaj ugekënnegt, dass hat am gaange wier seng eegen Dokumentatioun ze dréinen. Fir de Release ze plangen hat sech d'Musekerin mat der On-Demand Video Plattform HBO Max zesummegedoen, wou d'Dokumentatioun och da raus komme wäert.

D'Dokumentatioun mam Numm "Nicki" krut dann och lo deen éischten Trailer, deen d'Musekerin ganz stolz gepost huet a gesot huet, dass hat et net méi erwaarde ka bis dann alles rauskomme wäert.

Trailer seet d'Nicki Minaj dann och, dass ee wärend der Dokumentatioun wäert vun him geléiert ginn, wéi een eng berüümt Rapperin gëtt. Och soll ee léiere wéi een säin eegene Wee fënnt.

Wéini d'Dokumentatioun awer lo komplett wäert erauskommen ass awer nach net gesot ginn.