D'Kultband ABBA an den Elton John sinn och lo op der Plattform TikTok ënnerwee.

TikTok ass säit dem leschte Joer net méi vun den Handyen ewechzedenken. Vue dass och d'Musek op dëser Videoplattform eng grouss Roll spillt an esouguer immens vill Lidder just doduercher zu Hits goufen, sinn och ëmmer méi Museker op TikTok ënnerwee.

Elo huet sech dann och d'Kultband ABBA zeréck gemellt mat engem neie Sound fir TikTok Videoen. Nodeems si jo och scho mat hirem Hit "Angel Eyes" berüümt gi waren an esouguer live op der Plattform gespillt hunn, hunn si sech lo mam Sir Elton John zesummegedoen. Doraus ass eng Mëschung ass dem ABBA Song "Chiquitita" an dem Elton John sengem "Tiny Dancer" entstanen, deen de User vun der Plattform lo zur Verfügung steet.

TikTok ass also scho laang net méi just fir ganz jonker mee fir wierklech jiddereen a gëtt och ëmmer méi wichteg an der Museksbranche.

@abba Heard that ’Chiquitita’ was trending again…with @Elton John! #ABBA #pop #piano ♬ Benny and Chiquitita - reymifasol