No "Aguilera" am Mee, steet d'Musekerin aktuell nees am Studio fir neit Material opzehuelen.

Déi 41 Joer al Sängerin, déi am Mee eréischt den Album "Aguilera" eraus bruecht huet, ass nees am Studio. Ugedriwwen huet hat dee positive Feedback vun de Fans op deene leschte Concerten. Een Insider huet der Zäitschrëft "The Sun" gesot, dass d'Sängerin mam Projet "Aguilera" eppes ganz anescht probéiere wollt, wat ëm zwar gelongen ass, ma d'Christina géing sech awer freeë fir an deem nächste Longplayer nees op seng Pop-Wuerzelen zeréck ze gräifen.

Wéi dësen Album heesche soll a wéini en op der Marché kënnt ass dann awer nach net gewosst. Bis dohinner muss ee sech also nach ee bësse gedëllegen.