D'Musekerin huet een neie Longplayer mam Numm "The Loneliest Time" ugekënnegt.

Am Mee huet d'Carly schonn d'Lead-Single "Western Wind" released. De "Call Me Maybe" hitmaker huet dann awer och gläichzäiteg ugekënnegt, dass ee ganz neien Album eraus kënnt an zwar den 21. Oktober. Mat dobäi sinn 13 Haapt-Songs an dräi bonus Tracks.

Op Instagram huet d'Kënschtlerin geschriwwen: "I’m quite fascinated by loneliness. It can be really beautiful when you turn it over and look at it. Just like love, it can cause some extreme human reactions." Hat ass also faszinéiert vum eleng sinn an ass der Meenung, dass dat, genau esou wéi d'Léift, extrem schéi ka sinn an extrem Reaktioune bei engem Mënsch ausléise kann. Dat weist schonn ee bëssen op d'Ëmstänn hi wéi d'Songs opgeholl goufen an zwar wärend  der Isolatioun an der Corona-Pandemie.

Och an der Museksindustrie hu ganz vill Leit missten op den Homeoffice zeréck gräifen, wat deemno sécher net ëmmer ganz einfach ass. Ma d'Carly Rae Jepsen seet zum Beispill, dass et fir hat am komeschste war fir iwwer Zoom, Sessions ze schreiwen.