Den DJ a Produzent hat lo an engem Interview erzielt dass hien am Moment ganz vill nei Musek géif produzéieren.

De norwegeschen DJ a Produzent Kygo huet säi leschten Album "Golden Hour" am Joer 2020 released op dem ënnert anerem Lidder wéi "Higher Love" oder "Love Somebody" mat drop sinn. Duerch dës ass de Kygo international nach eng Kéier méi bekannt ginn.

Elo well de Kygo nach eng Kéier un deen Erfolleg uknäppen an huet an engem Interview ugekënnegt, dass hie säit enger ganzer Zäit amgaang ass un neier Musek ze schaffen. Um Lollapalooza Festival zu Chicago hat hien dann och schonn deen een oder aneren neien Track ugespillt. Mir kennen also ganz geschwënn mat neier Musek vum Kygo rechnen.