De 12-fache Grammy Gewënner huet säin 8ten Longplayer annoncéiert.

Virun e puer Woche war den John Legend jo nach hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal op Besuch a konnt senge Fans een immens gudde Concert bidden.

Elo huet den 12-Fache Grammy Gewënner an Hit-Maker ugekënnegt, dass hien säin 8ten Studioalbum wäert erausbréngen. Den Duebel-Album mat jee 12 Lidder soll den 9. September ënnert dem Numm "Legend" erauskommen. Hei wäerten dann och Lidder wéi "All She Wanna Do", "Honey" oder "Dope" mat drop sinn, déi ee jo schonn als Singleauskopplung konnt lauschteren..