Fir Silvester wollt sech d'Band eppes bësse méi Spezielles ausdenken.

D'Theresienwiesen zu München si bekannt dofir dass hei all Joer dat legendärt Oktoberfest stattfënnt. Den 31.12.2022 huet déi däitsch Rock-Band Rammstein lo geplangt eng XXL-Silvester Party hei a Form vun engem Concert ze feieren. Fir de Concert géifen si mat ronn 150.000 Leit rechnen.

Am Moment hänkt et awer nach dovunner of, ob d'Staat München de Projet unhëlt an ee Concert vu bal 4 Stonnen erlaabt vue dass d'Theresienwiese matzen an der Staat leien.

No hirem leschte Concert vun hirer Europatournée zu Ostend hunn Rammstein och schonn ugekënnegt, dass si och 2023 rëm an Europa live ënnerwee wieren.