
© The X
Déi lëtzebuergesch Band "The X" huet de Klassiker lo als Cover erausbruecht.
Dem Kate Bush säi Klassiker "Running Up That Hill" aus dem Joer 1985 war deemools schonn immens gutt ukomm an huet lo duerch d'Serie "Stranger Things" nach eng Kéier ee richtegen Hype kritt.
Elo huet och de lëtzebuergeschen Electro-Pop Duo "The X" ee Cover vu genee dëser Single released. Donieft hunn si och ee Museksvideo produzéiert deen d'Single dann och optesch soll ënnermolen. De Sound vun der Band "The X" ass och bësse méi däischter, futuristesch a nostalgesch a passt sou dann och perfekt bei dëse Song.