
© FB Hidden Sessions 2022
De 14. August kann een zu Esch eng ganz Rei Concerten a Workshops erliewen.
De 14. August 2022 fannen am Ellergronn zu Esch d'Hidden Sessions statt. Dëst ass ee klenge Festival deen immens villsäiteg an oppen ass. Hei kann een eng ganz Rei Concerte wéi och aner kënschtleresch Performancen erliewen. Niewend der Bün ginn et dann och nach interaktiv Workshops bei deenen ee ka matmaachen.
Dat ganz fänkt um 18.00h un an et muss een sech ee gratis Ticket op der Säit vum Event huelen.
Fir de musikaleschen Deel stinn dann deen Owend ënnert anerem den EDSUN, Alfalfa, d'Maya Maunet wéi och den DJ Aamar op der Bün.
Fir dohinner ze komme soll een an der Rue Jean-Pierre Bausch parken oder d'Navette vun der Escher Gare huelen.