Nom Debut-Album "Sour" soll lo geschwënn de Nofollger op de Marché kommen.

Ufanks 2021 huet d'Olivia Rodrigo seng Single "drivers liscence" released gehat an domat déi komplett international Charts op d'Kopp gestallt huet. Am Mee 2021 ass dann och den éischten Album mam Numm "Sour" erauskomm, deen ënnert anerem 3 mol mat Platin an Amerika, Norwegen a Kanada ausgezeechent gouf. Bei de Grammy's gouf et dann och nach de Präis fir den "Best Pop Vocal Album".

Duerno war d'Olivia Rodrigo dann natierlech op grouss Welttournée fir den Album virzestellen. Elo 48 Concerte méi spéit huet d'Musekerin dann ugekënnegt, dass hat no senger Tour dann och lo nees am Studio wier, fir den nächsten Album opzehuelen.

Wéini den Album awer lo soll erauskommen ass awer nach net genee gewosst.