30 Joer ass et hier dass déi zwee Rapper zesumme Musek erausbruecht hunn.

Wärend der Halftime Show vum Superbowl 2022 stoungen de Snoop Dogg an den Dr. Dre zesummen op der Bün fir hir gemeinsam Single "Still D.R.E" ze performen.

Dës ass dann an Tëschenzäit och schonn 30 Joer al mee de Snoop Dogg huet an engem Interview mat "Entertainment Today" verroden, dass si amgaang wieren eppes neies ze produzéieren.

Den Dr. Dre an och de Snoop Dogg gehéiere bis haut nach zu deene bekanntste Rapper a warscheinlech och déi zwee Rapper déi d'Hip-Hop Zeen säit dem Ufank mat gepräägt hunn.

Wéini lo eng nei Single erauskënnt, wollt awer nach kee vun hinne verroden. Mee fir d'Fans vun Hip-Hop wier dat natierlech eng ganz grouss Freed.