Déi zwee lëtzebuergesch DJ'en sinn zeréck mat enger ganz summerlecher Single.

De Raoul Dieghi an de Steve Marinangeli sinn allen zwee säit enger Rei Joren hei zu Lëtzebuerg an der DJ Zeen ënnerwee an hunn sech lo zesummegedoen an als RayDie & Stivie hir neiste Single "Me Pienseas" released.

Dës Single huet ee richteg summerleche Flair, a suergt direkt fir gutt Laun. Awer och de Reggaeton-Stil lockert d'Single nach eng Kéier bësse méi op a mécht Loscht op Summer Partyen. Dës Kéier ass dann awer och speziell, dass de Songtext op Spuenesch agesonge ginn ass.