Deen neie Song vum Marcy huet nawell ee ganz seriöen Hannergrond.

Déi lëtzebuergesch Sängerin Marcy hu mer jo an deene leschte Méint scho mat Lidder wéi "Johnny" a "Waking Up" héieren. Elo ass d'Marcy zeréck mat sengem drëtten a leschten Track vu senger Trilogie. D'Single "Million Tears" erzielt vu Gewalt am Stot. Hei séngt d'Marcy dovunner, dass Leit déi sech an esou enger Lag befannen dacks duerch verschidde Phasë ginn.

Hei kennt dann och nach eng Kéier den Johnny aus der Single "Johnny" vir, bei dem d'Marcy ze verléift war, fir ze erkennen, dass hien net dee richtege wier.

Mat dësem Song well d'Marcy dëst Thema vu Gewalt uschwätzen a weisen dass wierklech vill Leit dorënner leiden.

Hei huet d'Marcy dann och direkt e puer Adressen uginn, wou een sech melle ka fir Hëllef ze froen:

- SAVVD | Femmes en Détresse asbl Berodung fir Affer vu Gewalt am Stot: 26 48 18 62

- S-PSYea | Femmes en Détresse asbl Psychologesche Service fir Kanner a Jugendlecher, déi Affer vu Gewalt am Stot goufen:     26 48 20 50

- Riicht Eraus | Croix-Rouge Service dee sech ëm d‘Täter vu Gewalt am Stot këmmert: 27 55 58 00)