
© e-lake
De Management vun Antilopen-Gang huet matgedeelt dass hiren Optrëtt ofgesot gëtt.
E Freideg hätt d'Antilopen Gang sollen um e-Lake optrieden. Krankheetsbedéngt huet den Optrëtt missen ofgesot ginn. De Line-Up vum Festival huet also misse geupdated ginn. AEM wäert den Opening vum Festival um 18h30 assuréieren, esou den e-Lake op Instagram.