Den On Stéitsch Festival an de Rotondes gehéiert scho säit Joren zum lëtzebuergesche Festival-Summer.

Den On Stéitsch Festival an de Rotondes gehéiert fest zum Festival-Summer dobäi a suergt all Joer nach eng Kéier fir ee gudden Ofschloss am September.

Dëst Joer ass dann och schonn déi 15ten Editioun, déi de 24. September an de Rotondes stattfanne wäert.

Organiséiert gëtt de Festival vum SNJ an eng 44 Gruppe wäerten ab 14h Mëttes op de Büne stoen.

Am ganze wäerten et dann och zwou Büne ginn, wou vu Musek iwwer Danz a vu Rap bis Rock alles vertruede wäert sinn.

Fir den On Stéitsch Festival brauch een dann och keen Ticket vue dass den Entrée gratis ass.

Weider Informatiounen an och de ganze Line-Up fënnt een HEI.