No hirem spektakulären Optrëtt zu London fir hire verstuerwenen Drummer, ass eng nei CD ugekënnegt ginn.

Nodeems den Drummer Taylor Hawkins gestuerwe war, ass et nawell laang roueg ëm d'Rockband Foo Fighters ginn.

Virun e puer Wochen hunn si awer mat engem risege Concert zu London un hire laangjärege Bandmember geduecht.

Déi ganzen Zäit hunn sech d'Fans dann och gefrot wéi an ob et iwwerhaapt lo géif mat der Band weidergoen oder ob si sech géifen opléisen.

Op de sozialen Netzwierker vun der Band ass awer lo ee Post opgetaucht, deen eng nei CD a Vinyl ukënnegt. Et ass awer leider keen neien Album mee eng Best-Of-CD mat alle groussen Hits vun der Band mat drop.

Et sinn esouguer dräi nei nach ni verëffentlech Live-Lidder mat dobäi.

Ob dat lo den éischten Hiweis ass dass et weider geet ass awer lo net gewosst. D'Fans hoffen ob jiddefalls drop.